Wann den Cabinet Owes, Weekends an Feierdeeg zou as, kennt dir an eng Maison médicale goen, sie assuréieren de Remplacement vun den Generalisten.

Sie offréieren eng medezinesch Permanence, mee sinn keen Noutfallservice. Am Fall vun engem Noutfall, ëmmer direkt den 112 uruffen.

Ëffnungszäiten vun den Maisons médicales :

  • Weekends an Feierdeeg funktionéiert dësen Service vun 8h Moies bis 7h den Dag drop.
  • Während der Woch as dësen Service vun 20h bis 7h Moies assuréiert.

 

D’Maison médicale as op fir Consultatiounen vun 8h, respektiv 20h bis 24h. No Mëtternuecht, muss een fir d’éischt den 112 uruffen. Den Uruff gëtt dann un den Dengschtdokter vun der Maison médicale weidergeleet. Hien kontaktéiert iech dann sou schnell wei et méiglech as.

Deemno em wéi een medezineschen Problem et sech handelt, kann den Dokter och eng Hausvisite maachen.

 

3 Maisons médicales sinn am Land disponibel :

Maison médicale Esch-Uelzecht

70, rue Émile Mayrisch
L-4240 Esch/Alzette

Maison médicale Stad Lëtzebuerg

59, Rue Michel Welter
L-2730 Luxembourg

Maison médicale Ettelbréck

110, avenue Lucien Salentiny
L-9080 Ettelbruck

Wéini soll een sech un eng Maison médicale wenden?

All Kéiers wann ären Gesondheetszoustand no enger Visite bei engem Generaliste verlaangt an dir net den Retour vun ärem Hausdokter kennt ofwaarden, kennt dir iech un eng Maison médicale wenden.

Wann dir iech net kennt bei d’Maison médicale deplacéieren, kennt dir d’Maison médicale iwwert den 112 kontaktéieren. Den Uruff gëtt dann un den Dengschtdokter vun der Maison médicale weidergeleet. Hien kontaktéiert iech dann sou schnell wei et méiglech as.

Wann et néideg as, kann den Dokter och eng Hausvisite maachen an Funktioun vun den Disponibilitéiten an deemno em wéi een medezineschen Problem et sech handelt.

No Mëtternuecht, as et obligatoresch den 112 unzeruffen.