Coronavirus

Wann dir potentiel Symptomer vum COVID-19 hudd (Féiwer, Houscht, Halswéi, Duerchfall, Verloscht vum Geroch), bleift fir 48 Stonnen Doheem an haalt ären Gesondheetszoustand am Aan. No denen 48 Stonnen kontaktéiert eis fir d’éicht per Telefon oder Mail éiert dir bei eis een RDV huelt.

Bei Bedarf an mat enger Ordonnance, kennen mir ierch bei een vun den Laboratoiren schecken fir den Test op de Virus ze maachen : Picken Doheem, Ketterthill zu Beetebuerg oder Drive-In zu Bascharage.

Den Ministère recommandéiert d’Eegen-Isolatioun : D’Eegen-Isolatioun gëtt bei alle Persounen applizéiert, déi mam COVID-19 kompatibel Symptomer opweisen a bei deenen d’Infektioun net confirméiert ass. Si mussen ab dem Dag wou d’Symptomer optauche wärend 7 Deeg doheem bleiwen a wa méiglech all Kontakt zu anere Persoune vermeiden. Wann d’Symptomer bis verschwonne sinn, da mussen se nach wärend 24 Stonnen doheem bleiwen. https://msan.gouvernement.lu/dam-assets/covid-19/fiches_information/lb/FICHE-autoisolement-fb-LB-200313.pdf

Wann Dir trotz Eegen-Isolatioun Bedenken oder Froen zu Ärem Zoustand hudd an eng Consultatioun braucht, dann rufft eis un oder kontaktéiert eis per email. Wann néideg, dirigéieren mir Iech an een vun den Centre de Soins Avancés (Rockhal, Luxexpo) wou dir ennersicht kennt ginn. Kommt net an eise Waardesall. https://sante.public.lu/fr/urgences-gardes/services-garde/centres-de-soins-avances/index.html

Den Ministère recommandéiert och d’Eege-Quarantän : D’Eege-Quarantän gëtt bei alle Persounen applizéiert, déi an intimem Kontakt mat enger Persoun waren, bei där d’Infektioun confirméiert gouf, oder déi am selwechten Haushalt wéi déi infizéiert Persoun wunnen. Si musse wärend 7 Deeg doheem bleiwen, gezielt ab deem Dag wou d’Diagnos bei der infizéierter Persoun gestalltgouf. Wärend dëser Period muss all Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn. Wärend deene 7 Deeg no enger Eege-Quarantän gëllt et eng Eegen-Iwwerwaachung duerchzeféieren. https://msan.gouvernement.lu/dam-assets/covid-19/fiches_information/lb/quarantaine-A4-200430-LU-v3.pdf

an d’Eegen-Iwwerwaachung : D’Eegen-Iwwerwaachung dauert 14 Deeg a gëtt bei Persounen applizéiert, déi warscheinlech am Kontakt zu enger mam Virus infizéierter Persoun waren. Zil ass et, d’Symptomer vun der Infektioun direkt am Ufank ze erkennen. D’Persoun ënnert Eegen-Iwwerwaachung moosst hir Temperatur zwee mol pro Dag a stellt sécher, datt se keen Houscht oder Otemproblemer huet. Wärend der Eegen-Iwwerwaachung kann ee sengen normalen Aktivitéiten nogoen.

Hei as een Link den vill Froen beäntwert: https://gouvernement.lu/lb/dossiers.gouv_msan%2Blb%2Bdossiers%2B2020%2Bcorona-virus.html

Den Formular fir den Congé pour Raison familiale unzefroen fannt dir um Internet-Site vun der CNS: https://cns.public.lu/de/formulaires/prises-en-charge/cprf-extraordinaire.html

Zeckt net den 8002 8080 unzerufen fir weider Renseignementer ze kréien. Den 112 as just fir Noutfäll reservéiert, z.B. Otemnout.

Ufälleg Persounen si Leit iwwer 65 Joer oder déijéineg, déi schonn eng vun deene folgende Krankheeten hunn : Diabetes, Kardiovaskulär Krankheeten, Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër, Kriibs, Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie.